cue
Logo

Lëtzebuergesch
Sproocherkennung v2

E puer Informatiounen iwwer dëse Service:

Wat ass dësen Tool? Dat hei ass e Speech-to-text-Programm fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De Programm wandelt geschwate Sprooch an en Text ëm. Den Tool gouf mat standardiséierten Audiosdateien an Texter trainéiert. Et kritt een déi bescht Resultater, wann ee lues an däitlech an e Mikro schwätzt a sou mann wéi méiglech Hannergrondgeräischer do sinn.

Wéi benotzen ech dësen Tool? Dir hutt d'Méiglechkeet, en Text live an e Mikro ze schwätzen oder e fäerdegen Audio-Fichier eropzelueden. D'Donnéeë ginn direkt vum Tool ausgewäert, dat kann allerdéngs e puer Sekonnen daueren. De geschwaten Text sollt kloer an däitlech artikuléiert ginn. Wéineg Hannergrondgeräischer féieren zu bessere Resultater. Well den Tool mat ënner anerem mat Radio-Texter trainéiert gouf, kennt e virun allem d'Wierder an d’Aussprooch aus dësem Kontext. Sidd dofir net enttäuscht, wann Der beispillsweis aus dem Reenert virliest an den Text dono net richteg duergestallt gëtt. De fäerdegen Text gëtt am Textfeld ugewisen. Fir en ze kopéieren, benotzt entweeder de Kopéier-Button (am Feld ganz riets), oder selektionéiert den Text a kopéiert d'Selektioun.

Wat geschitt mat den Donnéeë respektiv mat den Audio-Fichieren? Är Audio-Fichieren an Är spontan ageschwaten Donnéeë gi just fir d’Text-Ëmwandlung benotzt an aner Persounen hu keen Zougrëff drop. Och no der Auswäertung ginn déi Donnéeën net gespäichert. Mir roden do trotzdeem, mat gesondem Verstand drunzegoen a keng sensibel Informatiounen opzehuelen.